top of page
HeaderThemen.jpg

Innovatioun an Zukunftsgestaltung

Mir schafe fair Bildungschancë fir eis Kanner, andeem mir eis Schoul
weider moderniséieren an d’Kompetenze vu muer fërderen.

D’DP setzt weider konsequent op d’Zukunftsgestaltung vun eisem Land. Mir brauchen eng couragéiert Politik an der Bildung, an der Innovatioun an an der Wirtschaft: Esou kënne mir eise Wuelstand ofsécheren, erhale genuch Spillraum fir d’Entwécklung vun de kommende Generatiounen a bidden eise Kanner a Jugendlechen déi beschten Aussiichten, fir datt si sech fräi entfale kënnen. Mir wäerte weider an d’Bildung investéieren, fir d’Zukunftschancë vun eise Kanner ze verbesseren.

Dofir wäerte mir:

  • d’Bildungschancen an Zäite vum technologeschen a soziale Wandel bäibehalen, andeem mir d’Programmer vun den Grondschoulen a vum Secondaire un d’Besoine vun der technologescher a sozialer Transformatioun vun eiser Gesellschaft upassen;

  • de Bilan vun de Pilotprojete fir eng Alphabetiséierung op Franséisch zéien a se dono verallgemengeren, esou datt d’Elteren an all Schoul de Choix tëschent enger Alphabetiséierung op Franséisch oder op Däitsch hunn;

  • verstäerkt op d’Zukunftskompetenze Kreativitéit, Kommunikatioun, kritescht Denken an Zesummeschaffe setzen;

  • déi ëffentlech Fuerschung, d’Innovatioun an d’Wirtschaftsfërderung weider vernetzen;

  • Investitioune vun Entreprisen an d’Nohaltegkeet an d’Fuerschung duerch zousätzlech Steier-Kreditter an duerch Super-Amortissementer fërderen;

  • konsequent a Reskilling– an Upskilling-Programmer investéieren, fir de Besoine vun de Beschäftegten a vun den Entreprisen um Aarbechtsmarché vum 21. Joerhonnert gerecht ze ginn.

ThemenSäitenHeader4.jpg

Méi Informatiounen

Du wëlls méi genee Informatiounen zu dësem Sujet?

An eisem Walprogramm gëtt et awer

nach vill méi Iddien a Léisunge fir d'Zukunft:

bottom of page