top of page
HeaderThemen4.jpg

Investitiounsoffensiv am ëffentleche Wunnengsbau

Mir leeden zesummen eng ëffentlech Wunnengsbauoffensiv an. Dofir schafe mir ee Biergerfong, an deen d’Leit investéiere kënnen. 

D’DP wäert an Zesummenaarbecht mam private Marché eng historesch, staatlech Offensiv am Wunnengsbau lancéieren, fir dem Wonsch vu ville Leit no enger eegener Wunneng entgéintzekommen. Iwwert de Wee vum massiven Ausbau vum ëffentleche Wunnraum wäerte mir de jonke Leit am Ufank vun hirer berufflecher Carrière bezuelbar Mietwunnengen ubidden a si mat geziilte Mesuren dobäi ënnerstëtzen, sech hiert Eegenheem ze finanzéieren.

 

Dofir wäerte mir:

  • kuerz- a mëttelfristeg méiglechst vill privat Projeten iwwerhuelen, déi wéinst der aktueller Krise net kënne realiséiert ginn. Déi Projete ginn der Allgemengheet iwwert en ëffentlechen Immobiliëpark zur Verfügung gestallt;

  • Terrainen an ëffentlecher Hand direkt bebauen, andeem mir d’Constructioun mat grousse Soumissiounen aktiv um Bau vun ëffentlechem Wunnraum bedeelegen an d’Ressourcë vu staatlechen a vu privaten Acteuren an enger eemoleger solidarescher Wunnengsbau-Offensiv zesummeleeën;

  • en nationale Biergerfong schafen, an deem sech d’Biergerinnen an d’Bierger an och d’Betriber kënnen un der Finanzéierung vu staatlechen Immobiliëprojete bedeelegen;

  • d’Héicht vun de Wunnengsbäihëllefen an d’Akommes- Héchstgrenz fir d’Kandidatinnen an d’Kandidaten un déi aktuell Immobiliëpräisser an un d’Inflatioun upassen, jonke Mënschen, déi hir éischt Wunneng kafen, eng eemoleg Exonératioun vun den Droits d’enregistement accordéieren an alternativ Finanzéierungsmodeller, wéi de Mietkaf, fërderen;

  • Geneemegungsprozedure radikal vereinfachen an acceleréieren, andeem mir den Accord tacite vun de Verwaltungen no enger gewëssener Frist aféieren. D’Ëmwelt-Etuden an d’Kompensatioune méi efficace maachen.

ThemenSäitenHeader3.jpg

Méi Informatiounen

Du wëlls méi genee Informatiounen zu dësem Sujet?

An eisem Walprogramm gëtt et awer

nach vill méi Iddien a Léisunge fir d'Zukunft:

bottom of page