Energietransitioun sozialverträglech virundreiwen
Mir finanzéieren d’Fotovoltaik-Anlagen op private Wunngebaier vir a bedeelegen d’Proprietären un der Stroumproduktioun.
D’DP wäert eise Wuelstand mat enger responsabeler Energie- a Klimapolitik laangfristeg ofsécheren an dobäi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellen. Mam Klima-Biergerrot hu mir d’Gesellschaft aktiv um nationalen Energie- a Klimaplang bedeelegt. Mir wäerten d’Energietransitioun mat massiven Investitiouns- a Subventiounsprogrammer méi séier virundreiwen, wéi dat bis elo geplangt war: Fir datt alleguerten d’Leit an d’Entreprisë kënne vun enger sécherer a bezuelbarer Energieversuergung profitéieren.
Dofir wäerte mir:
-
déi vum Premier annoncéiert Photovoltaik-Initiativ konsequent ëmsetzen a mat groussen Investissementer déi gëeegent Plazen op den Diecher, op an niewent den Zuchstrecken an op Felder a Wise fir Solarenergie notzen;
-
Photovoltaik-Anlagen op den Diech ganz finanzéieren, wann de Proprietaire sech d’Installatioun net leeschte kann oder wëll an hien un der Stroumproduktioun bedeelegen;
-
déi international Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerger Bedeelegung u groussen Offshore-Wandprojeten an u Solarparke weider ausbauen an d’Lëtzebuerger Energieversuergung esou mëttelfristeg onofhängeg maachen;
-
d’Mënsche bei alle Klimaschutz-Mesurë virun iwwerméisseg héije Käschte schützen, prioritär op finanziell Ënnerstëtzung setzen an e Verbuet just als lescht Mëttel asetzen;
-
Klimasubsiden erhéijen a virfinanzéieren (tiers payant), esou datt d’Biergerinnen an d’Bierger just nach de Solde musse bezuelen an net mussen iwwer Méint op déi staatlech Subside waarden, wéi dat elo de Fall ass;
-
d’Autorisatioune fir Energie- a Sanéierungsprojete schaarf acceleréieren, andeem mir den Accord tacite aféieren, d.h. den automateschen Accord, wann d’Verwaltunge sech no enger Frist net gemellt hunn;
-
schonn haut déi klimafrëndlech Mobilitéit vu muer sécherstellen, andeem mir direkt zousätzlech Bunn- an Tramsstrecken – an aner grouss Infrastrukturprojeten – plangen an ëmsetzen.