top of page
HeaderThemen3.jpg

D’Mëtt vun der Gesellschaft spierbar entlaaschten.

Mir stäerken d’Kafkraaft,
andeem mir d‘Mëttelschichte spierbar entlaaschten.

D’Striewen no engem méi gerechten an entlaaschtende Steiersystem an d’Stäerke vun der Kafkraaft leien an der DNA vun der DP a si weider eis éischt politesch Prioritéit. Mir konzentréieren eis dobäi besonnesch op d’Ënnerstëtzung vum Famille mat Kanner.

 

Dofir wäerte mir:

d’Steiertabell reegelméisseg un d’Inflatioun upassen, fir d’Kafkraaft vun de Mënschen nohalteg ze stäerken;

• den Index als Garant fir de soziale Fridden a fir den Erhalt vun der Kafkraaft bäibehalen;

• mëttelfristeg eng eenheetlech Steierklass aféieren, déi alleguerten d’Forme vun Zesummeliewe vun de Mënsche gläich behandelt, an esou fir méi Steiergerechtegkeet suergt;

• déi vun der Tripartite decidéiert Energiespuermesuren, wéi z.B. den Energiepräis-Deckel, iwwer 2025 eraus verlängert, wann déi international Situatioun dat verlaangt:

• déi staatlech Pensiounen ofsécheren, de private Pensiounsregime méi staark ënnerstëtzen an de fräiwëllegen Iwwergang an d’Pensioun méi flexibel maachen.

ThemenSäitenHeader.jpg

Méi Informatiounen

Du wëlls méi genee Informatiounen zu dësem Sujet?

An eisem Walprogramm gëtt et awer

nach vill méi Iddien a Léisunge fir d'Zukunft:

bottom of page