top of page
HeaderThemen2.jpg

Beruffs- a Privatliewe
besser openaner ofstëmmen

Mir ginn de Famillje méi Zäit mat hire Kanner, andeem mir de Congé parental ausbauen an d’Recht op Deelzäit fir Elteren aféieren.

Ënnert der Féierung vum Premier Xavier Bettel, huet d’Regierung d’Land sécher duerch d’Pandemie an duerch d’Energie- an Inflatiounskris bruecht. Zemol a Krisenzäiten huet d’DP bewisen, datt si kee Mënsch eleng stoe léisst. Mir hunn zéngdausenden Aarbechtsplaze mat decidéiertem Handelen an intelligente Krisemesuren erhalen. D’DP steet och an Zukunft fir eng responsabel Wirtschafts- an Aarbechtspolitik, déi sécher a gutt bezuelt Aarbechtsplazen a Wuelstand schaaft, amplaz se ze menacéieren.

D’DP huet mat dräi ofgeschlossenen Tripartite-Verhandlungen de Sozialdialog als Erfollegsmodell zu Lëtzebuerg gestäerkt.

 

Mir hunn den Index-Mechanismus erhalen an d’Kafkraaft mat sozial gestaffelten Direkthëllefen a Steierkreditter a Milliarden-Héicht gestäerkt, nodeems mir virdru schonn de Mindestloun an der Pandemie ëm 100 Euro netto erhéjt hunn.

D’DP steet fir e modernt Aarbechtsrecht, dat de Besoine vun de Beschäftegten a vum Patronat Rechnung dréit, an och de Independanten erëm déi néideg Wäertschätzung entgéint bréngt.

D’DP setzt sech fir eng héich Liewensqualitéit an alle Phase vum Liewen an. Dozou gehéiert eng besser Ofstëmmung vu Beruff a Famill. Duerch flexibel Aarbechtszäitmodeller wëlle mir de Mënsche méi Zäit fir Famill a Fräizäit bidden.

D’DP wäert déi staatlech Pensiounen ofsécheren, déi privat Alters-Präventioun méi staark ënnerstëtzen an de fräiwëllegen Iwwergang an d’Pensioun méi flexibel gestalten.

ThemenSäitenHeader5.jpg

Méi Informatiounen

Mir hunn nach vill méi Iddien a Léisungen fir méi flexibel Aarbecht:

An eisem Walprogramm gëtt et awer

nach vill méi Iddien a Léisunge fir d'Zukunft:

bottom of page