top of page
HeaderThemen6.jpg

Liewensqualitéit an alle Phase vum Liewen

Mir féiere flexibel Aarbechtszäitmodeller an,
déi de Besoine vun de Leit 
entspriechen. Dozou gehéieren eng Joresaarbechtszäit an Zäitspuerkonten.

D’DP setzt sech fir eng héich Liewensqualitéit an alle Etappe vum Liewen an. Dozou gehéiert eng besser Vernetzung vu Famill a Beruff. Mir wëllen de Mënsche méi Zäit fir Famill a Fräizäit ginn; duerch eng gutt Bildungsoffer a mat méi flexibelen Aarbechtszäit-Modeller.

Dofir wäerte mir:

  • eng garantéiert Betreiungsplaz aféieren, fir all de Kanner Accès zu enger héichwäerteger Bildungsoffer baussent der Schoul ze ginn;

  • flexibel a familljefrëndlech Aarbechtszäit-Modeller, ë.a. mat Hëllef vun enger Joresaarbechtszäit an Zäitspuerkonten, déi de jeeweilege Besoine vun de Mënsche gerecht ginn;

  • den Teletravail fërderen a Co-Working Spaces uechter d’Land ausbauen, fir datt d’Leit onofhängeg vun der Plaz schaffe kënnen;

  • e begrenzt Recht op Deelzäitaarbecht fir Elteren aféieren, dat bis dat 13. Joer vun de Kanner gëllt. Verloschter op der Pensioun solle wärend dëser Zäit evitéiert ginn;

  • de Congé parental weider ausbauen an nach méi flexibel maachen. De Pappecongé vun 10 op 15 Deeg erhéijen, fir d’Relatioun tëschent dem Kand an dem Papp ze stäerken;

  • eis Gesondheetspolitik grondleeënd änneren, andeem mir déi dezentral Gesondheetsversuergung zu enger Haaptsail maachen an doduerjer d’Waardezäite staark verkierzen;  

  • d’Autonomie an d’Recht of Selbstbestëmmung vun eisen eelere Matbiergerinnen a Matbierger stäerken.

ThemenSäitenHeader6.jpg

Méi Informatiounen

Mir hunn och nach vill weider Iddien, wéi een de Beruff an

d'Famill nach besser ënnert een Hutt kritt:

An eisem Walprogramm gëtt et awer

nach vill méi Iddien a Léisunge fir d'Zukunft:

bottom of page